100 Joer no der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht zu Lëtzebuerg stelle sech vill Froen iwwert d’Zukunft vun eisem Wahlsystem. Ass eis parlamentaresch Demokratie nach representativ vun der Gesellschaft oder sollt d’Wahlrecht op néi Wieler ausgeweit ginn? Mierkt een och zu Lëtzebuerg eng gewëssen Demokratie-Middegkeet? Ass d’Opdeelung vum Land an véier Wahlbezierker nach zäitgeméiss? Wéi steet et mat der Zukunft vum Panachage? Ginn et aner Formen vu politescher Participatioun, déi och tëschent de Wahlen méi genotzt sollte ginn? Zesumme mat Vertrieder vun de politesche Parteien diskutéiere mir iwwert hier Virstellungen vun der Zukunft vun eisem Wahlsystem.