Wie wor déi éischt Lëtzebuerger Deputéiert?

Renée Wagener

Virun 100 Joer, de 4. November 1919, ass mat der Marguerite Thomas-Clement déi éischt Fra als Deputéiert vereedegt ginn. Si ass ëmmer nach zu Lëtzebuerg e kaum bekannte Personnage, dobäi huet si munches opzeweise gehat:

Si huet sech souwuel an der Chamber wéi och am Stater Gemengerot als eng Politikerin erwisen, déi net gezéckt huet, sozial Problemer beim Numm ze nennen. Nieft klassesche politeschen Theme wéi d’Budgetspolitik huet si sech och vill fir d’Emanzipatioun vun de Fraen agesat, déi mam Wahlrecht nach laang net erreecht wor. An der Konferenz gëtt der Marguerite Thomas-Clement hire politesche Wee beliicht an och gekuckt, firwat si laang Zäit déi eenzeg Deputéiert blouf.

14.11.2019
18H
Musée National d'Histoire et d'Art
Marché-aux-Poissons
L- 2345 Luxembourg
Conférence