Politik a Kommunikatioun sinn haut onzertrennlech. Politik schéngt heiansdo zu enger Form vu Verkafen vun Iddien ginn ze sinn, genau sou wéi ee Schong oder Kleeder géing verkafen. Kritescht Hannerfroe vun de virgefärdegte Pressecommuniquéeën schéngt ëmmer manner ze intresséieren. Dobäi sinn mir och an enger Zäit wou mat Facebook, Instagram, Twitter a co., d’politesch Kommunikatioun ëmmer méi op d’Politikerinn oder de Politiker als Persoun opbaut. Zesumme mat Journalisten déi d’lëtzebuerger Politik zanter Joeren verfollegen, schwetze mir iwwert des Entwécklungen an d’Konsequenzen dovunner op d’politesch Debatt an d’Diskussiounskultur zu Lëtzebuerg.