D’Wahlrecht zu Lëtzebuerg am Verglach

Régis Moes

Lëtzebuerg presentéiert sech gären als Virreider bei der Aféierung vum Fraewalrecht am Joer 1919. Dëst ass sécherlech net falsch, mee mir mussen des Entwécklung och an den internationale Kontext setzen. Mir wäerte verschidden Aspekter vum Wahlrecht an de Joren 1848 bis 1919 zu Lëtzebuerg an am Ausland matenaner vergläichen. Och virun 1919 ass zu Lëtzebuerg vill iwwert eng Reform vum Wahlrecht diskutéiert ginn, wou sech och am Ausland inspiréiert ginn ass. Bis haut, ginn ëmmer erëm Beispiller aus anere Wahlsystemer aus dem Ausland benotzt fir Reforme vun der Aart a Weis wéi zu Lëtzebuerg gewielt gëtt, ze fuerderen.

13.02.2020
18H
Musée National d'Histoire et d'Art
Marché-aux-Poissons
L-2345 Luxembourg
Konferenz